Wéi de Mënsch ass


ISBN 9782919792306
184 Seiten, Taschenbuch/Paperback
CHF 29.25
Wird für Sie besorgt
Bei den Editions Schortgen koum 2017 dBuch Wat dHémecht war eraus mat kommentéierte Lëtzebuerger Gedichter von 1800 bis haut. Hei en zweete Band mat Gedichter nëmmen aus dem 20. Joerhonnert: Texter vum Auguste Liesch, Putty Stein, Pir Kremer, Roger Manderscheid, Guy Rewenig, Josy Braun, Serge Tonnar a munnech aneren, déi de Mënsch weisen als Natur-Begeeschterten, Jazz-Freak, Teater-Mécher, Plogeescht am Tram, Miniärs-Aarbechter, Schlappen-Tourist, Doper am Sport, groussen Téinert, jonke Klasse-Clown. An diversen Situatiounen also vun eiser schéiner, verwuerelter Existenz als Homo sapiens. All Gedicht ass a séngem zäitbedéngten sozialen a kulturelle Kontext kommentéiert



Am zweeten Deel geet et op dRees. Op e klasseschen Hexebierg, de Brocken am Haarz, bei zwee bombastesch däitsch National-Monumenter an op de Kyffhäuser an Thüringen, wou zënter Joerhonnerten de Keeser Barbarossa schlofe soll. Et sinn spannend Reportagen aus der Radio-Zéri Ënnerwee op eng historesch Plaz.



No ville kulturellen a kulturpoliteschen Artikelen fir dZeidungen Tageblatt a Lëtzebuerger Land huet de Mars Klein zënter 2011 eng ganz Rëtsch Émissione geschriwen fir den nationale Radio 100,7. Déi meescht vun den Texter am Buch - awer nët all - si liicht iwerschafften Aarbechten fir dAntenn.



Editions Schortgen huet mam éischte Buch Wat dHémecht war et 2017 derwert fonnt - a fënnt mam zweete Buch Wéi de Mënsch ass et elo derwert, datt dës litteraresch Wuer nët an den audiophonen Archiver vergiëss gët - mee op Pabeier gedréckt enger méiglechst breeder Liëserschaaft fir nozebliëderen an nozedenken virläit.



Datt och dës Kéier dBuch illustréiert ka sinn mat Timberen aus der Geschicht vun der Lëtzebuerger Post, ass e Glécksfall. Nët nëmmen, well Post Philately e ganz koopératiwe Partner ass - Merci dem Här Emile Espen a sénger Ékipp, awer virun allem, well an hirem Katalog esou vill historesch a kulturell interessant Käppercher ze fanne sinn, déi bei dTexter gutt passen. Et däerf een hoffen, datt dZesummenaarbecht vun Auteur / Éditionshaus mat der Post och eng Plus-Value ass fir de schéine Sammeler-Objet Timber.
ZUM ANFANG